Ecole de tennis

Léif Kanner obgepasst!!!

Den TENNIS CLUB  IZEG organiséiert wéi all Joer am Wanter speziell
Tenniscoursen fir d’Kanner an der Sportshal um Izeger Plateau. Ab dem Fréijoer ginn d’Tenniscoursen op eisen 2 Baussenterrainen um Izeger Plateau ofgehal.

Méi Informatiounen

Spill- a Grillfest

Samschdeg, den 15. Juni 2013 op den Tennisfelder zu Izeg

Et ginn Doublen a Simplen gespillt fir eis Memberen vu mueres 10 Auer un.

Em 11 Auer gëtt et och Spiller fir déi Kleng. All Kanner déi matmaachen, kréi’en e Bong fir eng gratis Consommatioun. Matspillen kann all Member deen en Abonnement 2012 oder 2013 bezuelt huet oder deen een vun eisen organiséierten Coursen matgemach huet. D’Präisverdeelung ass ëm 5 Auer mëttes, a jiddereen dee matgemaach huet kritt ee Präis.

Wien matspille wëll, dee soll sech umellen beim Roby GILLET (Tel 36 54 15) oder iwwert d’e-mail adress rgillet@pt.lu bis spéitstens den 14. Juni.

FIR IESSEN AN DRENKEN ASS BESCHTENS GESUERGT!!!

 

TC Grillfest Summer 2013