Léif Kanner obgepasst!!!
Den TENNIS CLUB IZEG organiséiert wéi all Joer am Wanter speziell
Tenniscoursen fir d’Kanner an der Sportshal um Izeger Plateau. Ab dem Fréijoer ginn d’Tenniscoursen op eisen 2 Baussenterrainen um Izeger Plateau ofgehal.
D’Coursen si vum 6. Oktober 2016 bis Enn Juni 2017. Et ginn 2 Coursen:
- Cours 1: vun 14.00-15.00 Auer
- Cours 2: vun 15.00-16.00 Auer
An der Vakanz si keng Coursen.
De Präis fir dee ganze Spaass: 200 Euro. Jiddereen, dee matmécht, kritt e Gratis-Abonnement fir d’Saison 2017 op eisen Terrainen dobaussen.
Wie Freed um Tennis huet a matmaache wëll, dee soll w.e.g.
• De rattachéierten Talon ausfëllen an u folgend Adress schécken:
GILLET Roby 3, rue Roger Krier L-3328 Crauthem
• Kontakt ophuelen mam Trainer dem Pascal ONDOBO, per E-Mail ondobojp@yahoo.fr oder um Telefon 691 619 661
• 200 Euro iwerweisen op de Kont vum Tennis Club Izeg bei der ING:
LU61 0141 6247 7920 0000
An all vill Spaass beim Tennis!!!!!!!!!