Invitatioun op eist Spill- a Grillfest 2017

Samschdeg, den 8. Juli 2017 op den Tennisfelder zu Izeg

Vun 10 Auer un ginn Eenzel an Doublen gespillt nom Motto „Dobaï sinn ass alles“.

Ewéi die leschte Joer steet och erëm Nordic-Walking um Programm.

Den Départ ass ëm 10 Auer beim Clubhouse vum Tennis Izeg, d‘Streck ass ongeféier 10 km laang.

Vun 12 Auer un gëtt gegrillt. Zaloten, all Zorten Gedrénks an als Dessert Eisekuche mat Äerdbier a Schlagsahn waarden op all déi déi beim Sport dobaï sinn an hir ganz Famill.

Wien interesséiert ass mat Tennis ze spillen, ze walken oder fir Mëttegiessen, dee soll sech umellen beim Roby GILLET (Tel 36 54 15) oder iwwert d’E-mail Adress rgillet@pt.lu bis spéitstens de 5. Juli.

Tennis Izeg Spill a Grillfest 2017

 

Tennisterrainen spillbereed ab dem 23. Abrëll 2017

Léif Tennisfrënn,
den TC Izeg deelt Iech mat dass eis Tennisterrainen Sonndes, den 23. Abrëll 2017 nees spillbereed wäerten sinn fir eis Memberen a fir déi déi et nach wëlle ginn. D’Präisser fir di nei Saison an d‘Demande d’abonnement fannt Dir hei um Site ënner „Tarifs“.

D’Demande kënnt Dir online eroflueden, ausfëllen, a se eis per Post zoukomme loossen.

Sportléch Gréiss.

Chers amis du Tennis,
Les deux terrains extérieurs seront ouverts aux membres et à toutes les personnes intéressées à partir du dimanche, 23 avril 2017. Vous trouvez les prix pour la nouvelle saison, ainsi que la demande d’abonnement sur notre site sous « Tarifs ».

Vous êtes priés de nous faire parvenir la demande, dûment remplie, par courrier à l’adresse indiquée.

Salutations sportives.